Elo gratis registréieren! |
BlogVerbesserunge bei Privatsphär a JugendschutzMarch 08, 2019by jos
Déi wichtegst Kommunikatiouns-Tools (Microblog, Frëndschaften, Chat a Messagen) kënnen elo fir all Konto getrennt aktivéiert oder desaktivéiert ginn. Benotzer kënnen dës Funktiounen iwwer hir Kontosäit aktivéieren oder desaktivéieren, an Eltere kënnen dës Funktioune beispillsweis och fir hir Kanner spären. Nëmmen Erwuessener kënnen dës Spären ophiewen, wärend Mannerjäreger e virgedréckten, vun hiren Elteren ënnerschriwwenen Autoriséierungsformulaire eropluede mussen. Enseignante kënnen dës Funktiounen och fir all SchülerInnen iwwer d'Klassebuch-Applikatioun aktivéieren oder desaktivéieren. Vill Spaass mam Update Deng Equipe vum Oli |