Elo gratis registréieren! |
BlogRentrée 2018/2019September 15, 2018by jos
D'Equipe vum Oli wënscht alle Schüler an Enseignanten eng gutt Rentrée fir dat neit Schouljoer. Mir hu ganz vill Detailverbesserungen um Site virgeholl an hoffen, dass de Start mat alle neie Funktioune gutt klappt. Um Oli.education.lu gëtt et elo fir all Enseignant automatesch eng eege, perséinlech Klass, déi iwwer déi ganz Carrière vum Enseignant bestoe bleift. Weider Infos dozou fënnt een am Hëllefs-Beräich vum oli.education.lu. Vill Spaass mat der neier Versioun wënscht Deng Equipe vum Oli |