Elo gratis registréieren! |
BlogNei Funktioun fir Biller an Dateien ze mellenApril 24, 2019by jos
Mat dëser neier Funktioun kanns du elo ganz einfach Biller an Dateie mellen, déi falsch placéiert goufen, inadequat sinn, oder géint Plattform-Reegelen, Droits d'Auteur oder Dateschutzreegele verstoussen. Dësen Tool kann och benotzt ginn, wann s de wëlls, dass bestëmmte Biller vum Website ewech geholl ginn, ausserdeem erlabt den Tool d'Reaktiounszäiten ze kierzen. Déi nei Funktioun ass a Newsfeeds, Billergalerien, a Microblogs an op villen anere Plazen disponibel an deckt wahrscheinlech ronn 95% vun alle Biller of, déi op der Plattform souwéi op Websiten ugewise ginn, déi mam Website-Manager erstallt goufen. Deng Equipe vum Oli |