Benotzernumm oder E-Mail Passwuert -Passwuert vergiess?Umellen
ageloggt bleiwen

Du brauchs Hëllef?

Bei der Entwécklung vun dësem Website hu mer eis un zwee Prinzipie gehal:
  • E Website sollt sou einfach ze benotze sinn, dass ee keng Hëllef a kee "Support" braucht
  • Eng staark Community bitt besser Hëllef wéi all kommerzielle Supportubidder
Dëst ass de Grond dofir, dass mir keen "traditionelle" Support bidde mussen. Mir sinn iwwerzeegt, dass oli.lu wierklech einfach ze notzen ass an déi meeschte kleng Problemer kënne ganz einfach ënnerhalb vun der Community geléist ginn.

Kuck dir d'Tutorials an d'FAQ-Säit un

D'Tutorials-Säit ass déi ideal Platz, fir ze kucken wéi Saache funktionnéieren oder fir weider Tipps & Tricks ze fannen.

Op der FAQ-Säit fënns de eng Rei Äntwerten zu oft gestallte Froen oder übliche Problemer.

Fro deng Frënn oder aner Memberen

Wanns de op e Problem stéiss, da solltes de als éischt deng Frënn op oli.lu ëm Hëllef froen. oli.lu ass e sozialt Netzwierk, dat heescht du kanns dech ganz einfach mat anere Leit vernetzen nodeems de dech als Member angemellt hues.

Ënner denge Frënn si bestëmmt Leit dobäi, déi scho méi laang Member op dësem Website sinn, oder déi scho mat enger App oder enger Funktioun geschafft hunn mat däers du elo Problemer hues.

Zéck net deng Frënn ëm Hëllef ze froen, well dorëms geet et jo eigentlech a soziale Netzwierker.

Kuck dech an de Foren ëm

Wann deng Frënn net hëllefe kënnen, da solls du dech an den Diskussiounsforen ëmkucken. Kuck op et schon eng Léisung fir däi Problem gëtt, wann net da schreif e Bäitrag a versiche däi Problem sou genee wéi méiglech ze beschreiwen.

All oli.lu Memberen hunn Zougrëff op d'Foren, dofir sinn d'Changen gutt héi Hëllef ze fannen. D'Entwéckler vun oli.lu an d'Entwéckler vun de meeschten eLearning Apps sinn och regelméisseg an den Foren ënnerwee, an déi kënnen dir och helfen.

Kontaktéier eis

Wanns de ëmmer nach keng Léisung fir däi Problem fënns, da kanns de eis och direkt uschreiwen.

Benotz w.e.g. fir all Froen d'Kontakt-Funktioun nodeems de dech ugemellt hues!

Schéck eis nëmmen eng E-mail, wanns de Problemer hues e Benotzerkonto opzemaachen, dech anzeloggen oder wann et Problemer op denger Benotzersäit gëtt.

Advertisements
Jugendschutz - InfoRegele vun der CommunityPrivatsphärKontakt / Problemer melden
©2008-2017 Joopita Research a.s.b.l | About | Donations | Sponsoring | Advertising | Support | Press
Copyright | Disclaimer | Privacy Policy | Terms of Use | Contact Us