Home eLearning Community Ressourcen Downloads Support Info
oli.lu Philosophie Gratis Oppen Fein Cloud International Iwwer eis
Sonndeg, 20. Mee, 01:53:50
Elo gratis registréieren! Aloggen


Joopita Research a.s.b.l

Cite op Gewaennchen 14
4383 Ehlerange
Luxembourg, Europe

www.joopita.org
contact@joopita.org

en Don maachen

Wee mir sinn

oli.lu ass e Projet vun Joopita Research a.s.b.l

Mir sinn eng ASBL aus Lëtzebuerg. Méi Informatiounen iwwer eis fënns du op eisem Website www.joopita.org.

D'Iddi fir dëse Projet ass am November 2009 entstanen, et huet ongeféier ee Joer gedauert fir d'Projektphilosophie auszeschaffen a fir d'Technik un d'Laafen ze kréien.

Mir stiechen och hannert e puer anere bekannte Projet'en, zum Beispill:

  • Galaxiki, eng Science Fiction Community déi Website vun der Woch am US Linux Journal a Website vum Dag op Yahoo!, About.com, Pocketlint a redOrbit war. Ausserdem war Galaxiki ee vun de Gewënner bei de Web 2.0 Awards 2008 (SEOmoz).
  • CorneliOS/CIOS, e fräie gratis Web OS a Applikatiouns-Framework, deen ënnert der GPL Lizenz ze kréien ass.

Jos Kirps

De Jos huet d'Projektphilosophie & d'Konzept, d'Technik an den Design entwéckelt. De Jos ass och de Leeder vum CorneliOS/CIOS Projet, dat ass de fräien Applikatiouns-Framework deen och als Käertechnologie fir dëse Website benotzt gëtt. Kontaktéier de Jos (jos@joopita.org) wanns de eppes zu CorneliOS oder zu aneren Open Source Projet'en an dësem Kontext bäidroë wëlls.

Chantal Reuter

D'Chantal ass fir vill Elementer vum Contenu an den Iwwersetzungen zoustänneg. Kontaktéier d'Chantal (chantal@joopita.org) wanns de hëllefe wëlls weider Elementer op oli.lu ze iwwersetzen.

Villmols Merci un all déi, déi eis gehollef hunn!

Ouni d'Hëllef vu ville Mënschen aus der ganzer Welt wäere mir et net hikritt dëse Projet duerchzezéien. Besonnesche Merci gëllt virun allem alle "Bug Hunters", souwéi alle deenen déi hir Iddeën mat abruecht hunn, déi eis Feedback a nëtzlechen Input ginn hunn.

Merci also un all iech a Kanada, den USA, Südamerika (Basilien!), Europa (Norwegen an Dänemark!), Neuseeland, Australien a villen anere Platzen op dësem Planéit!!!