Benotzernumm oder E-Mail Passwuert -Passwuert vergiess?Umellen
ageloggt bleiwen

Mir wëllen déi beschten Tools fir individuellt an differenzéiert Léieren an Enseignéieren entwéckelen, an déi da gratis zur Verfügung stellen.

Schüler
Léier selbststänneg, schaff zesummen, publizéier an deel däi Wëssen.
Vernetz dech mat Enseignanten a Schüler, hëlleft een deem aneren a léiert vuneneen.
Elteren
Hëllef denge Kanner beim Léieren, beim Üben a beim Verbesseren vun hire Fähegkeeten.
Enseignanten
Verbesser d'Leeschtungen an d'Fähegkeete vun denge Schüler.
Geréier Aarbechtspläng, Coursen, Stonnepläng, Texter a Projeten.
Bau e professionellen, kollaborative Schoulwebsite a geréier deng Schoulbibliothéik.

Jidderee léiert, jidderee kann enseignéieren - sief dobäi!

Gëff Member a benotz all déi genial e-learning Tools op oli.lu

Visioun & Philosophie

oli.lu bitt Tools a Ressourcen fir déi zukünfteg Welt vum Léieren an Enseignéieren.
Autonomt Léieren, differenzéierten Enseignement an d'Konstuktioun vu Wëssen gi méi einfach wéi je virdrun.
Gratis e-Learning Web Apps

Léier & enseignéier

Konfiguréier eegen Online-Aufgaben an Aarbechtsblieder.
  • Léier & üb selbststänneg
  • Sproochen, Mathe, Wëssen & Wëssenschaft
  • Et mecht Spaass!
Virtuell Klass

Entwerf, organiséier & geréier

Verwandel deng Klass an en digitalen Aarbechtsraum.
  • Definéier Lernzieler
  • Maach individualiséiert Aarbechts- a Wochepläng
  • Verfolleg Fortschrëtter vun denge Schüler
  • Geréier Texter an Dokumenter
  • Bewert & geréier Portfolios
Bau däin eegene Contenu!

Erschaf & publizéier

Bau deng eegen Online-Projeten, Coursen a Web Apps.
  • Erschaf deng eegen Homepage
  • Schreif Coursen
  • Publizéier Projeten
  • Bau e Schoul- oder Klassewebsite
  • Entwéckle deng eegen e-Learning Apps
  • Alles wiki-baséiert & einfach ze benotzen

Fir Schüler

Üb & léier mat eise gratis e-Learning Apps, mat direkter Korrektur
Diskutéier, bau & publizéier Projeten, deel däi Wëssen.

Fir Elteren

Gratis Aarbechtsblieder an Online Trainer fir deng Kanner.
Mathematik, Spoochen, Wëssenschaft, Geschicht, Geographie, Chemie & méi...

Fir Enseignanten

Maach individuell Aarbechtsblieder souwéi Aarbechts- a Wochepläng.
Geréier Pläng, Texter an Dokumenter an enger virtueller Klass.

Manifest

Mir liewen an Zäite vu séiere soziale Changementer.
Sief der globaler Entwécklung viraus andeems de nei Weeër am Léieren an Enseignéiere gees. Erlief Educatioun an d'Erfuerschung vum Wëssen op engem neie Level.
alles uweisen zoumaachen
1
Mir si gemaach fir ze léieren.
Léieren ass Deel vun eiser perséinlecher Entwécklung.
Dat gëllt fir jiddereen, an et ass e liewenlaange Prozess.
An eiser moderner Gesellschaft ka keen et sech leeschten, net méi ze léieren.
2
Jiddereen disposéiert iwwer Wëssen, dat derwäert ass gedeelt ze ginn.
Léieren an Enseignéieren si matenee verschmolze Prozesser.
Den Opbau vu Wëssen kann eng gemeinschaftleche Aufgab sinn.
Schüler sinn oft déi besser Enseignanten.
3
Léieren ass net méi un e schoulescht Environnement gebonnen.
Den Internet a mobil Geräter maachen dat globalt Wëssen iwwerall an zu all Zäit disponibel.
Souwuel d'Medien wéi och d'Welt dobausse bidde méi Informatioun, wéi mir jeemols verschaffe kënnen.
Bleif aktiv an hal ni op mat léieren.
DIY - Do It Yourself. Es läit nëmmen un dir!
4
Mir gleewen un dräi elementar Approchen:
• Imitatioun - léier andeems de nokucks oder nolauschters.
• Wëssen erschaffen - entwerf an entwéckel deng eege Konzepter, fann deng eege Léisung, géi däin eegene Wee.
• Üben - trainéier däi Gehir a mémoriséier.
Et ass déi optimal Kombinatioun vun dësen dräi, déi zu grousse Fortschrëtter féiert.
5
Wëssen ass omnipräsent an extrem wichtig.
Et ëmgëtt eis, et duerchdréngt eis. Et hält d'Galaxie zesummen.
Wëssen ass Macht.
6
D'Stärkt vum mënschleche Wëssen ass, dass et sech heibäi ëm e sozialt Phänomen handelt.
D'Deele vu Wëssen an Informatioun erlabt et jidderengem vun eis, grouss Fortschrëtter ze maachen.
Léiert ee vun deem aneren a baut op existéierend Wëssen op.
7
Léier selbststänneg.
Léier iwwerall.
Pass deng Léier-Tools un deng Besoins un.
Publizéier deng eegen Aarbechten.
Deel däi Wëssen.
8
Hëllef denge Kanner beim Léieren.
Bitt hinnen e sëcheren an inspiréierende Léier-Environnement.
oli.lu ass fir jidderee gratis, dofir ass et eng sozial fair Plattform zum Notze vun der ganzer Gesellschaft.
9
Stell individualiséiert Léierpläng op.
Optiméier, verfolleg a verbesser Léierprozesser.
Erlab denge Schüler sech op hir Bedürfnisser ze fokusséieren, hirt eegent Wëssen ze konstruéieren souwéi hir eege Wierker ze erschafen an ze publizéieren.
Spuer dobäi souguer nach Zäit an Aarbecht.
10
oli.lu ass fir déi Opgeschlossen.
D'Léieren ass esou wichteg, dass de d'Verantwortung dofir an déi eegen Hänn huele solls.
Fänk elo un. Et gëtt keng Grenzen.
oli.lu ass e Projet vun Joopita Research

E-learning Web Apps

Üb a léier mat eiser grousser Collectioun vu coole gratis e-learning Apps.
Mathematik, Sproochen, Wësseschaften, Geschicht, Geographie a villes méi...

Léier & üb online

Üb online, mat direkter Verbesserung. Mathe, Verben, Vokabelen a villes méi!
Pass Deng Übungen un deng eege Besoins un.

Dréck Aarbechtsblieder

Dréck ugepassten Aarbechtsblieder direkt mat de Verbesserungen - GRATIS!
Pass deng Aarbechtsblieder un deng eege Besoins un.

Fir den Enseignant

Geréier Aufgaben, Texter an Dokumenter von denge Schüler an enger virtueller Klass.
Maach Websäiten mat Blogs, geréier Fotoen a publizéier Aarbechten.

Däi Schoulwebsite

Bau däin eegene Schoulwebsite mat News, Blogs, Fotogalerien & interaktiven Aarbechtsberäicher.
Einfach ze benotzen - däi Schoulwebsite ass ënnerhalb vun e puer Minutten online!

Bibliothéik & Bicher

Geréier Bicher - an denger Schoulbibliothéik, an denger Klass, iwwerall.
Endlich eng professionell Léisung, déi einfach ze benotzen a GRATIS ass!

Erschafen & publizéieren

Maach deng eegen Texter, Websäiten, e-Books, Onlinecoursen oder Tutorials - alles online!
Eis Online-Editoren si genial, séier an einfach ze benotzen.

Vernetz dech...

mat Frënn, Klassekomeroden, Enseignanten a Schüleren. Léier, enseignéier an deel däi Wëssen.
Gëff Member an der coolster e-learning Community am Web.

Jugendschutz

Dëse Website soll eng propper a sëcher Platz fir jidderee sinn - och fir Jugendlecher a Kanner.
Mir huelen d'Privatsphär, d'Sëcherheet an de Jugendschutz ganz seriö!

Deng eege Web Apps

Erschaff a publizier eegen Apps op oli.lu. Ganz einfach, och fir Ufänger a GRATIS.
Geeks & Nerds däerfe natierlech och HTML5, CSS a Javascript benotzen.

Gratis!

Mir wëllen déi bescht an déi coolst Tools fir d'Educatioun ubidden, an dat 100% gratis!
Mir sinn eng A.S.B.L., maach en Don wann dir den oli.lu gefällt - Merci!
Jugendschutz - InfoRegele vun der CommunityPrivatsphärKontakt / Problemer melden
©2008-2017 Joopita Research a.s.b.l | About | Donations | Sponsoring | Advertising | Support | Press
Copyright | Disclaimer | Privacy Policy | Terms of Use | Contact Us