Home eLearning Community Ressourcen Downloads Support Info
Info Umellen Virtuell Klass Bibliothéik Wiki Feed Blog Forum
Sonndeg, 20. Mee, 01:30:30


Computer autoriséieren

Klick dëse Knäppchen fir dësem Computer den Zougriff ouni Benutzernumm oder Passwuert op deng virtuell Klass ze erlaben:

autoriséieren
Schreibwerkstatt & Gestioun vu Schülertexter
Geréier an deel deng Biller, Fotoën a Konschtwierker
Publizéier deng Wierker ganz einfach um Web
Deng eegen Klassen- oder Schoulwebsäit mat automateschen Updates
Maach komplett individualiséiert Léier- a Wochepläng, geréier d'Aarbechten vun denge Schüler
Vill gratis e-learning Apps - léier online oder dréck Aarbechtsblieder
Definéier Zieler a verfolleg d'Fortschrëtter vun denge Schüler
Dréck Aarbechtsblieder, Wochepläng, Bréiwer & villes méi...
Geréier Enseignanten, Schüler an Aarbechtsgruppen
Einfachen Zougrëff op all Dokumenter iwwer d'Computer an der Klass
Erschaf virtuell Schoulen andeems de méi virtuell Klasse verbënns
Geréier Bicher, DVD'en, CD'en a aaner Schoulmaterialien
Stonnepläng, Kalenner & villes méi...

Virtuell Klass

D'virtuell Klass ass en Aarbechtsenvironnement fir Klassen oder all aner Grupp vu Leit, déi zesumme schaffe wëllen. D'virtuell Klass ass e flotten "Computer Aided Teaching" Tool fir Schüler a Aarbechtsgruppen zu geréieren, Aarbechtsprozesser a -fortschrëtter ze suivéieren a gläichzäiteg d'administrativ Aarbecht fir d'Enseignanten ze reduzéieren.

Denk w.e.g. drun, dass de ugemellt si muss fir dës App notzen ze kënnen. Gëff elo Member oder mell dech un.


Jidderee léiert, jiddereen kann enseignéieren

All Member vu oli.lu ka virtuell Klassen opmaachen, wat bedeit dass och jiddereen Enseignant oder Schüler ka sinn. Du kanns Enseignant an enger virtueller Klass sinn, a gläichzäiteg an anere Klassen als Schüler ageschriwwe sinn.

Geréier ganz einfach Schüler an Enseignanten an denger eegener virtueller Klass. Maach eng geschlosse Klasse fir ageschränkte Gruppen, erlab anere Benotzer sech an denger Klass anzeschreiwen oder mach eng Klass déi komplett op fir all Memberen ass.
   
Geréier ganz einfach d'Aufgaben vun dénge Schüler an hir Fortschrëtter. Definéier Gruppen fir en differenzéierten Unterrecht ze praktizéieren aplaz dech einfach op e Mëttelmoß ze beschränken.
   
D'Schreibwerkstatt ass feste Bestanddeel vun der virtueller Klass. Si erlabt et, ganz einfach d'Texter vun de Schüler an denger Klasse ze geréieren.
   
Texter, déi mat der "Schreibwerkstatt" erstallt goufen, kënne ganz einfach am Web publizéiert ginn. Et ass och méiglech komplett Wierker oder Textsammlungen vollautomatesch ze publizéieren.