Benotzernumm oder E-Mail Passwuert -Passwuert vergiess?Umellen
ageloggt bleiwen

Website Regelen

A) Mir toleréieren keng obszön, pornographesch, rassitesch, sexistesch, gewaltverherrlechend oder irgendwéi anerwerteg ofstoussend oder beleidegend Verhaltensweisen oder Inhalter.

B) Et ass net erlabt Daten ze posten oder ze späichern, déi d'Ausgesinn oder d'Funktionalitéiten vum Website veränneren. Et ass net erlabt dubiéisen HTML oder Script Code ze späicheren.

Verstéiss géint d'Regelen vum Webseite kënnen als éischt zu enger Verwarnung féieren. Widderhuelt Verstéiss kënnen zur Schléissung vun déngem Benotzerkonto an zum Ausschloss vun der Community féieren.

Community Regelen

D'Ziel vun de Regelen op oli.lu ass eigentlech ganz einfach: Jiddereen soll mat Respekt behandelt sinn, a jiddereen soll d'Aarbecht vun deenen aneren respektéieren.

Versioun vum 27. August 2013 - all Member ka Virschléi maachen, wéi dës Regele verbessert kënne ginn!

1) Inhalt, Copyright & Marquen

  • 1.1) Schreif a publizéier näischt, wat irgendwéi frech oder obszös ass.
  • 1.2) Publizéier nëmmen Texter a Wierker, déis de komplett selwer geschaf hues, oder déi dat explizit erlaben (Public Domain, Creative Commons oder aner spezifesch Lizenzen).
  • 1.3) Benotz keng Marquenimm oder geschützte Logos an dengen Texter oder Wierker.
  • 1.4) Kee SPAM, SCAM oder ähnleches ...

2) Frënn & Messagen

  • 2.1) Klick nëmmen déi Persounen als Frënn un, déis de och wierklech kenns.
  • 2.2) Wanns de eng aner Persoun uschreiwe wëlls, da schreif e perséinleche Message amplaaz an de Microblog ze posten (denk drun, Messagen am Microblog ginn un ALL deng Frënn).

3) Verhalen

  • 3.1) Jiddereen däerf nëmmen een (1) Benotzerkonto hunn.
  • 3.2) Et ass net erlabt "fake" Benotzer ze maachen.
  • 3.3) Wa méiglech net zevill streiden (dat ganzt soll jo konstruktiv sinn), keng "Trolls", keng "Flame Wars".
  • 3.4) Keng Persounen oder Gruppen perséinlech attackéieren.
  • 3.5) Benotz dëse Site net fir politesch Vuën ze verbreeden.
  • 3.6) Keng intolerant Aussoën wat Nationalitéiten, Hautfaarwen, ethnesch Gruppen, Geschlechter, Reliounen oder sexuell Themen ugeet.
  • 3.7) Rassistesch oder rietsextrem Aussoen, Mobbing oder positiv Aussoen iwwer Gewalt oder Suizid si strengstens verbueden a kënnen zu engem direkten Ausschloss aus der Community féieren.
  • 3.8) Wanns du perséinlech attackéiert gëss, da klapp w.e.g. net zréck, et ass besser de Virfall ze melden.

4) Dateschutz

  • 4.1) Niemols perséinlech Informatiounen iwwer en anere Benotzer erausginn.
  • 4.2) Post net méi perséinlech Informatiounen iwwer dech selwer wéi néideg.

Wat maachen, wann ech aus der Community ausgeschloss gouf?

Et gëtt keen ouni Grond ausgeschloss. Wanns du ausgeschloss goufs an der Meenung bass, dass dat net richteg ass, da schreif eis e Mail. Duerno muss de e bësse Gedold hunn, mir kucken eis däi Fall dann nach eng Kéier un.

Maach op kee Fall einfach e neie Kont op, wa mer dat mierken da gëss de direkt rëm blockéiert.

Jugendschutz

Dëse Website soll eng propper a sëcher Platz fir jidderee sinn - och fir Jugendlecher a Kanner.
Mir huelen d'Privatsphär, d'Sëcherheet an de Jugendschutz ganz seriö!

Oppenheet & Fräiheet

Mir gleewen u fräi Informatioun an un den oppenen Austausch vu Wëssen.
Jidderee brauch Edudcatioun, jidderee ka léieren, enseignéieren a säi Bäitrag leeschten.

Fair

Mir sammele nëmmen en absolute Minimum un Daten, déi mer nimools un anerer weiderginn.
Mir suergen eis ëm Privatsphäre, Sëcherheet a Jugendschutz.

GRATIS!

Mir sinn der Meenung, dass Bildungsressource GRATIS a fir jiddereen disponibel si sollen.
Aus dësem Grond ass dëse Website gratis, an dat soll och sou bleiwen.
Advertisements
Jugendschutz - InfoRegele vun der CommunityPrivatsphärKontakt / Problemer melden
©2008-2017 Joopita Research a.s.b.l | About | Donations | Sponsoring | Advertising | Support | Press
Copyright | Disclaimer | Privacy Policy | Terms of Use | Contact Us