Benotzernumm oder E-Mail Passwuert -Passwuert vergiess?Umellen
ageloggt bleiwen

Blog

Alles prett fir d’Rentrée 17/18

September 14, 2017
by jos

Mir wënschen alle Schüler an Enseignanten e gudde Start an dat neit Schouljoer.

Um Oli ginn et dann och eng ganz Rei Verbesserungen, ënner anerem hu mer d’virtuell Klass komplett iwwerschafft, sou dass alles vill méi iwwersiichtlich ginn ass. Mir soen all deene Merci, déi den Oli benotzen a virun allem och deenen, déi eis Feedback ginn hunn fir esou d’Plattform weider ze verbesseren!

Vill Erfolleg mam Oli am neie Schouljoer wënscht demno

Deng Equipe vum Oli.lu

oli
update

Oli.education.lu

September 14, 2016
by jos

Déi offiziell nei Oli-Plattform vum Ministère ass elo online an ass fir all Schüler an Enseignanten aus dem Fondamental accessibel.

Wanns du dech als Enseignant aloggs da gëtt deng virtuell Klass automatesch ugeluecht, an deng Schüler ginn aus dem Scolaria iwwerholl. Sou gëtt de Setup vun denger Klass elo nach vill méi einfach.

An denger virtueller Klass fënns de wéi ëmmer Wocheplang, Schreibwerkstatt, Dokument-Management a villes méi. Hei kanns de och däin eegene Schoul- oder Klassewebsite bauen, deen dann iwwer d'Domain "schoul.lu" accessibel ass.

Alogge kanns de dech mat dengem IAM Login, du brauchs allerdéngs dofir kee LuxTrust.

All Donnéeën gi sëcher beim Ministère gespäichert, an de MENJE iwwerhëllt och de Support an d'Formatioune fir d'Plattform (Detailer kommen zu engem spéideren Zäitpunkt no).

Den oli.lu selwer bleift natierlech als Plattform fir de Grand Public erhalen - wanns de net am Enseignement schaffs, da kanns du de Site also och wéi gewinnt weider benotzen! 

Vill Spaass mam neie Site wënscht

Deng Equipe vun oli.lu

oli
update
menje

Nei App: Tierm vun Hanoi

April 01, 2016
by jos

Vun haut un ass offiziell eis nei "Tierm vun Hanoi" App online, et kann een dëst populärt Spill also elo direkt um oli.lu spillen!

Hei ass de Link:

http://oli.lu/apps/hanoi/run/

oli
update
app
games

Schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an d'neit Joer!!!

December 20, 2015
by jos

D’Equipe vun oli.lu wënscht alle Membere schéi Feierdeeg, a mir wënschen iech all nëmmen dat Bescht fir 2016.

E spannend Joer geet zu Enn a mir wëlle bei dëser Geleeënheet alle Memberen vun oli.lu nach eng Kéier Merci soen fir all Feedback, Suggestiounen an äert Vertrauen an de Site.

Mir soe Merci fir all Verbesserungsvirschléi, an zéckt net eis ze schreiwen wann dir nach eppes fannt wat nach ka besser gemaach ginn!

Weiderhi vill Spaass mam Site wënscht

är Equipe vun oli.lu

oli
message

Nei Web App: Rechnen mat Geld

November 09, 2015
by jos

Ganz vill Leit hu sech dës App gewënscht, an elo ass se endlech do! Mat eiser neier App kanns de souwuel online üben, wéi och Aarbechtsblieder drécken. Wéi ëmmer komplett individualiséiert, mat direkter Online-Verbesserung respektiv Korrekturblieder. 

Et sinn direkt 5 verschidden Übungen dran: 

  • Geld zielen
  • Geld erausleeën
  • Geld zréck ginn
  • vergläichen
  • zesumme rechnen an ofzéien

Du kanns awer net nëmme mat Euroen, mee och mat anere Währungen üben. Am Moment sinn och schon US Dollar, Britescht Pond a Schwäizer Frangen dobäi, weider Währunge komme nach. 

Déi nei Web App fënns de hei:

http://www.oli.lu/apps/money/run/

Mir soe Merci fir all d'Verbesserungsvirschléi, zéck net eis ze schreiwe wanns de eppes fënns wat nach ka besser gemaach ginn!

Deng Equipe vun oli.lu.

oli
update

History / Updates before 2015

Fir Schüler

Üb & léier mat eise gratis e-Learning Apps, mat direkter Korrektur
Diskutéier, bau & publizéier Projeten, deel däi Wëssen.

Fir Elteren

Gratis Aarbechtsblieder an Online Trainer fir deng Kanner.
Mathematik, Spoochen, Wëssenschaft, Geschicht, Geographie, Chemie & méi...

Fir Enseignanten

Maach individuell Aarbechtsblieder souwéi Aarbechts- a Wochepläng.
Geréier Pläng, Texter an Dokumenter an enger virtueller Klass.
Advertisements
©2008-2017 Joopita Research a.s.b.l | About | Donations | Sponsoring | Advertising | Support | Press
Copyright | Disclaimer | Privacy Policy | Terms of Use | Contact Us